previous

Bouneschlupp

next  


The very first podcast in Luxemburgish, hosted by Thierry Heles. || Deen alleréischten Podcast op lëtzebuergesch, moderéiert vum Thierry Heles.



Short URL for this Podcast

 


Average Visitor Rating: Rate It!
0.00 (out of 5)
Number of ratings: 0 Votes
  Visitor Rating 


Details
Show ID 

4550

Website Visit Bouneschlupp

Feed


http://feeds.feedburner.com/bouneschlupp

More Shows

Comedy and Humor
Hobbies
Music

Date Added 25-Jan-2006 Hits: 288 Rating: 0.00 Votes: 0

 

If you liked this show, you might like UHMS PODCAST


Bouneschlupp Episodes -

#39 – Chrëschtdag
Et ass erem souwäit: Chrëschtdag steet firun der Dier, an dofir gett et wéi all Joërs nees eng Episod vollgequetscht mat traditioneller a manner traditioneller Chrëschtdagsmusék. Ausserdeem gett et ee Geschenktipp an ee neit Lidd vum Soulhood Projet. Geschenktipp: Der Prinzessin Hörspill (bei soforthoeren.de kafen) Maacht eppes guddes: Soulhood.org Musék aus dem PMN: Vanessa Van Spall ? Merry Christmas [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #39 – Chrëschtdag | Play in Popup.


#38 – The Golden Compass
Ech hunn en endlech gesinn. Dee Film op deen ech scho méintelaang gewart hunn: d’Verfilmung vum Philip Pullman sengem genialen Wierk Northern Lights. Fir dat mannst ze soen: ech sinn batter enttäuscht. Ech erklären wéi eng fantastesch Geschicht vun Hollywood vernicht gouf, firwat de Film net vill mam Buch ze dinn huet an iwwerhaapt näischt [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #38 – The Golden Compass | Play in Popup.


#37 – D’Islamisten sinn all Terroristen.
Wéi gudd d’Panikmache vum däitsche Staat momentan funktionéiert weist d’Geschicht vun enger jonker muslimescher Koppel, deenen hiert Haus an de Flitterwochen vun der Police emstallt gouf an natirlech och gestiermt – well si “orientalesch ausgesinn”. Ee richterleche Bechloss ass fir esou eng Hausduerchsichung net noutwendeg, well se et net méi Hausduerchsichung nennen. Den Originalbericht vun der [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #37 – D’Islamisten sinn all Terroristen. | Play in Popup.


#36 – Chaosdeeg Lëtzebuerg
Eng verspéite Rentrée mat héichem Blutdrock. D’Bouneschlupp ass endlech an hierem ale Format zeréck, et kann een se elo och mam Windows Media Player lauschteren (oder net), et gett ee neie Podcast (nach net), d’Punker bréngen d’Polizisten aus dem ganze Land zur Verzweiflung, an den Handy schellt. E besse chaotesch ass d’Bouneschlupp no laanger Paus [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #36 – Chaosdeeg Lëtzebuerg | Play in Popup.


#35 – 2084 (Deel 2): Big Brother City
Den zweeten Deel aus der Serie 2084 (merci Joël fir deen Titel), iwwer eng Welt an där d’Technologie der Moral viraus ass. London. Net nemmen d’Haaptstaat vun England an dem Vereenegte Kinnékräich, mee och déi am wahrscheinlech beschten iwwerwaachte Stad vun der Welt. Mee firwat ass déi Iwwerwachung gudd? Wat huet et fir Konsequenzen fir eng [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #35 – 2084 (Deel 2): Big Brother City | Play in Popup.


#34 – 2084 (Deel 1): Pädophilie 2.0
Den éischten Deel aus der Serie 2084 (merci Joël fir deen Titel), iwwer eng Welt an där d’Technologie der Moral viraus ass. Mir liewen an enger Welt vu Social Networking Portaler. Déi jonk Generatioun stellt sech online duer, mat realem Numm, Fotoen, Adress an vill méi pikanten Detailer. Dass dat net nemmen vun de jeweilegen Firmen [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #34 – 2084 (Deel 1): Pädophilie 2.0 | Play in Popup.


#33 – Mir mussen handelen.
Et ass leider nach emmer aktuell: d’Onvermiechtnis vun eisen Politiker sech dem Klimawandel konkret ze stellen. Een zynesche Bléck op dat wat bis elo alles (net) geschidd ass, gett et dofir an deser Episod. De Video mam Rebecca Harms senger Uklo vum EU Parlament gett et hei. Méi iwwert déi gréng Politikerin selwer gett et op [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #33 – Mir mussen handelen. | Play in Popup.


#32 – Interview um Radio Ara
E Méindeg war ech an der Émissioun Crumble um Radio Ara fir iwwer déi nei Medien zu Lëtzebuerg – also Bloggen a Podcasten – ze schwätzen. Fir déi Leit, déi den Interview verpasst hun oder en eng zweete Kéier welle lauschteren, gett et en an deser Episod da nach eng Kéier. Ab elo ass iwwregens d’Bouneschlupp [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #32 – Interview um Radio Ara | Play in Popup.


#31 – Mir si Mandy.
D’Bouneschlupp ass no wochelaangen Essayen schreiwen an aneren onheemlech gudden Ausrieden erem do. An d’Mandy ass eraus. Firwat een als Lëtzebuerger trotzdeem soll op hatt stolz sin a firwat et net emmer muss direkt de Weltfridde sin fir eppes ze veränneren gett et an deser Episod. Download audio file (bouneschlupp31.mp3)
Listen Now:


Get at Short URL | Download #31 – Mir si Mandy. | Play in Popup.


#30 – Si sin onzertrennlech, den Alkohol a seng Uni…
De Cover vun der Bouneschlupp gouf no 2,5 Joëren endlech verbessert: dee lëtzebuergeschen Podcast heescht elo dee lëtzebuergesche Podcast – ouni “n” (dee vun Ufank u falsch war) an ass domat och grammatikalesch um neiste Stand ukomm. Ausserdeem hun ech mech schlußendlech dann awer dozou duerchgerongen, sämtlech al Folgen an de Feed matanzebannen – also [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #30 – Si sin onzertrennlech, den Alkohol a seng Uni… | Play in Popup.


#29 – Red Nose Day: The Big One
Des Woch war leider zimlech laang an ech koum net dozou eng länger Episod opzehuelen. Als klengt Liewenszeechen gett et dofir awer haut ee kuerze Kommentar zum Red Nose Day, dee gëschter war. Download audio file (bouneschlupp29.mp3)
Listen Now:


Get at Short URL | Download #29 – Red Nose Day: The Big One | Play in Popup.


#28 – Gottseidank, eng Klimakatastrof!
Ee Kommentar zu den Auswierkungen vum Klimaschutz, déi bei wäitem net nemmen esou positiv sin wéi een sech dat kéinnt wenschen. Download audio file (bouneschlupp28.mp3)
Listen Now:


Get at Short URL | Download #28 – Gottseidank, eng Klimakatastrof! | Play in Popup.


#27 – D’Sandhex
Ee klengen Abléck an dat wat an de leschten Méint an firun allem an de leschten Deeg a mengem Liewen lass war. Wat ass eng Sandhex a firwat reegt een sech iwwer esou eppes op? D’Enwert op des Fro a nach vill méi gett et an deser Ausgaab. D’Lidd an deser Episod iwwert d’stressegt Liewen vun [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #27 – D’Sandhex | Play in Popup.


#26 – Onbequem Wourecht an e Joër an der Merde
Haut gin et zur Ofwiesslung mol erem eng Kéier zwee Themen. Eemol kennt den Al Gore no enger Opdeckung vun enger belscher Noochrichtesäit net méi als emweltbewossten Held dohier, mee als hypokritesche Priedeger dee sech selwer net un de Message hällt deen en all Mensch well antrichteren. Zweetens zielen ech iech vun engem Buch iwwert [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #26 – Onbequem Wourecht an e Joër an der Merde | Play in Popup.


#25 – Valentinsdag
Haut geet et em den Dag selwer. Wat ass eigentlech den Ursprong vum Fest vun der Léiwt? An wéi feieren aner Kulturen deen Dag? Huet d’Fest iwwerall déi selwecht Bedeitung? Heescht et iwwerall Valentinsdag, oder ass dat just de Fall an onser westlecher Kultur? E besse Klischee muss op deen Dag dann um Schluss awer [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #25 – Valentinsdag | Play in Popup.


#24 – Schnéichaos
Well déi Ausgaab gëschter esou kuerz war a well ech momentan souwisou näischt aneschters ka maachen, gett et haut nach eng Episod. Dass meng Stëmm e bessen komesch kléngt deet mer leed, mee ech hu mer leider eng Erkältung zougeluecht. Download audio file (bouneschlupp24.mp3)
Listen Now:


Get at Short URL | Download #24 – Schnéichaos | Play in Popup.


#23 – Legal, illegal, egal?
An der Schwäiz huet eng Werbeagentur Pousteren géint all méiglech Arten vu Piraterie opgehaangen. Zu Bern loossen se sech dat awer net sou einfach gefaalen, an et dauchen Sprëch op de Plakater op, déi genau de Contraire aussoen. Download audio file (bouneschlupp23.mp3)
Listen Now:


Get at Short URL | Download #23 – Legal, illegal, egal? | Play in Popup.


#22 – Prominent also domm?
Haut beschäftegen ech mat der Fro op een als Promi zwangsleefeg domm ass. Negativ Beispiller gin et der genuch, zum Beispill Paris Hilton oder Britney Spears, mee gin et net och Ausnahmen? Ech hu mech queesch duerch Schauspiller, Politiker a Komiker op d’Sich no Leit mat Verstand gemaach an een deelweis souguer relativ [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #22 – Prominent also domm? | Play in Popup.


#21 – Human Trafficking
Eng amerikanesch Miniserie weist d’Menschheet vun hierer absolut schlechster Säit: als Entféirer, gewesselos Vergewalteger, brutal Schléier, pervers Märder. D’Thematik vum Film: Mënschenhandel. Op ee Meedchen wat der Meenung ass et géing an Amerika reesen fir Model ze gin, op ee Meedchen dat mat sengen Eltren op de Philippinen Vakanz mécht oder op eng Mamm déi [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #21 – Human Trafficking | Play in Popup.


#20 – In dubio contra reo
Am Vereenegte Kinnékräich ass ee fir d’Regierung firdéischt emol eppes: kriminell. Wou iwwerall Investigatiounen géint ee lafen, ouni dass een dovunner wees, a wat et mat engem Bréif dee mer seet ech wier wahrscheinlech amgaangen d’Gesetz ze briechen op sech huet gett et an der éischter Bouneschlupp fir 2007. Download audio file (bouneschlupp20.mp3) [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #20 – In dubio contra reo | Play in Popup.


naischtnotz 3.0 Teaser
Leider dauert et zwar nach e puer Deeg méi laang, bis de neie Site online ass, mee dofir gett et hei an der Zweschenzäit nach ee kuerze Videoclip mat bis elo deelweis onveröffentlechtem Material!
Listen Now:


Get at Short URL | Download naischtnotz 3.0 Teaser | Play in Popup.


#19 – Chrëschtdag
Och dest Joër gett et fir Chrëschtdag erem eng Folg mat passender Musék. Des Kéier souguer mat där bis dato längster Folg vun der Bouneschlupp – 50 Minutten! Nierwt der Musék gin et awer natirlech och nach eng hellewull aner Sachen: - ech stellen iech de Projet Soulhood fir; - offréiren iech d’Bloopers aus dem Podcast iwwert [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #19 – Chrëschtdag | Play in Popup.


#18 – Interview mam Cyrille Horper
Des Episod ass eng Première: et ass deen éischte Skypecast hei an der Bouneschlupp. Ze héire gett et een Interview mam Cyrille Horper, Webmaster vun CW, deen d’Iwweraschung vum Dag firstellt, déi et am Dezember erem all Dag op sengem Site ze fannen gett. Ausserdeem gett et een Ausbléck op dat wat d’Visiteuren fir de [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #18 – Interview mam Cyrille Horper | Play in Popup.


#17 – Wales, hei sin ech!
Déi laang versprachen Episod mat engem Abléck a mäi Liewen hei op der Uni, wou ennert anerem folgend liewenswichteg Froen beenwert gin: - Wéi schmaacht de wallisesche Béier? - Ass dat englescht Iessen wierklech sou schlecht? - Wéi ass et mat de Meedecher? - Firwat gouf owes a Beverly Hills applaudéiert? Download audio file (bouneschlupp17.mp3)
Listen Now:


Get at Short URL | Download #17 – Wales, hei sin ech! | Play in Popup.


#16 – Österreich über alles
Een rietse Politiker rappt géint d’Auslänner an d’Hip-Hopper dissen seng Partei. Wéi ee modernen Wahlkampf an Éisterräich ausgesäit, an firwat radikal Politiker do keng Chance méi hun gidd der an deser Episod vun der Bouneschlupp gewuer. Download audio file (bouneschlupp16.mp3)
Listen Now:


Get at Short URL | Download #16 – Österreich über alles | Play in Popup.


#15 – Wéi ännert een d’Welt?
Dropping Knowledge: een ambitionéierte Projet, dee kee geréngert Ziel huet wéi ons Welt ze verbesseren – wien dohannert stécht, wéi se dat wellen realiséiren a wéi eng Ennerstetzung se dofir kréien gidd der an deser Episod gewuer. Ausserdeem gett et een Ausbléck op d’Zukunft vu Bouneschlupp an et gett e Projet firgestallt fir all d’Studenten ennert [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #15 – Wéi ännert een d’Welt? | Play in Popup.


#14 – X-Men 3: The Last Stand
Des Woch ware mer dee leider leschte Film vun der X-Men Trilogie kucken. Eng professionell Meenung zum Film, dem Soundtrack, de Schauspiller an iwwerhaapt deem ganze Recht gett et … enzwouch anescht. Een deen nach ni een X-Men Film gesin huet, an een deen se all gesin huet – dat heescht nees Improvisatioun pur [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #14 – X-Men 3: The Last Stand | Play in Popup.


#13 – The Da Vinci Code
Haut gett et net nemmen déi bis dato längsten Episod, mee och eng Première: als Gaascht ass den Tom haut dobäi. Zwee Verréckter – deen een huet d’Buch gelies, deen aneren (nach) net – diskutéiren den Film The Da Vinci Code vun Z bis R a vun A bis Q. Dotescht retten mer England mam [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #13 – The Da Vinci Code | Play in Popup.


#12 – À propos Inkompetenz
Haut gett sech eemol kräfteg opgereegt. Ennert anerem gett sech mat der Fro beschäftegt, firwat d’Philippsgaas frësch gemaach gett. Ausserdeem: Lëtzebuerg ass ee Provenznascht, Tango Agenten verfollege Foussgänger, onbeschreiwlech Inkompetenz bei engem lëtzebuerger Reesbüro an d’Uni Lëtzebuerg beweist emmer nees op en neits wéi onerschöpflech hiert Potenzial a Saachen Inkompetenz ass. D’Musék um Ufank ass [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #12 – À propos Inkompetenz | Play in Popup.


#11 – Bei de Reklammen zappen? Net mat Philips!
Haut geet et em eng Erfindung vu Philips – déi wahrscheinlech kee Mensch sech fräiwelleg géing kafen: eng Technologie déi verhennert, dass den Zuschauer während de Reklammen op een aneren Sender emschalt. Download audio file (bouneschlupp11.mp3)
Listen Now:


Get at Short URL | Download #11 – Bei de Reklammen zappen? Net mat Philips! | Play in Popup.


#10 – Water For Life
An der 10. Episod geet et em den Weltwaasserdag, deen dest Joër fir d’zweet stattfennt. Em wat geet et bei desem Dag, wat ass déi 2. UN Aktiounsdekad vum Waasser a wat war déi 1. Aktiounsdekad vum Waasser? Download audio file (bouneschlupp10.mp3)
Listen Now:


Get at Short URL | Download #10 – Water For Life | Play in Popup.


#9 – Eppes op d’Oueren
An deser Episod gin et direkt zwee Themen, an zwar 1. Wolfram Automata: Mathematik kann een elo och lauschteren 2. Holophonie: Musék an 3D Ausserdeem ass des Bouneschlupp een Enhanced Podcast! Dat heescht am iTunes kennt der op déi eenzel Kapitelen sprangen, dir kritt zousätzlech Informatiounen an der Artwork Fenster ugewisen souwéi d?Links iwwert déi [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #9 – Eppes op d’Oueren | Play in Popup.


#8 – Jamie Kane (1982 – 2005)
Des Ausgaab ass dem britesche Kënschtler Jamie Kane gewidmet, deen d?lescht Joër bei engem trageschen Helikopterofstuerz em d?Liewen koum. Et gett eng kuerz Biografie, Discographie an en Iwwerbléck iwwert d?Phänomen Jamie Kane, dat sech als wierklech aussergewéinlech kéinnt erausstellen. Download audio file (bouneschlupp8.mp3)
Listen Now:


Get at Short URL | Download #8 – Jamie Kane (1982 – 2005) | Play in Popup.


#7 – Watch your proximity
Amerika ass d?Land vun den onbegrenzten Méiglechkeeten. Elo mécht des Natioun ee weideren Schrett a Richtung Orwellschen Dystopia a féiert eng Regel aus 1984 an: d?Schüler vun der eenzeger öffentlecher Mettelschoul zu Culver City dierfen sech net méi beréiren! Wéi koum et zu där Regel, wat sin d?Reaktiounen an kéinnt et esou eppes och hei [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #7 – Watch your proximity | Play in Popup.


#6 – Dat gett et dach net!
Haut gin et déi verréckste Grenn aus deenen dest Joër Leit entloos gi sin, sou wéi se vu CGC viru kuerzem veröffentlecht goufen. Download audio file (bouneschlupp6.mp3)
Listen Now:


Get at Short URL | Download #6 – Dat gett et dach net! | Play in Popup.


#5 – Chrëschtdag
Eng Episod ouni vill Wieder a mat Chrëschtmusék. - eng Interpretatioun vun engem Klassiker: O Come All Ye Faithful vun Friction Bailey - eng Pop Ballad: Christmas Without You vum Beatrice Ericsson - en liicht Country ugehaauchtent Lidd: Christmas of Love vun Tresa Street - en Pop/Rock Lidd: Christmas (Sweeter Than Wine) vun Heth and Jed Musék aus dem Podsafe [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #5 – Chrëschtdag | Play in Popup.


#4 – If Every Day Were Christmas
Endlech ass déi 4. Episode vu Bouneschlupp online, an des Kéier ass et eng bessen méi speziell: firgestallt gett Podsafe for Peace, déi ee Chreschtdagslidd fir UNICEF verkaafen. De Projet berout op enger Idee vum Adam Curry. Offréiert fir dese Podcast gett d?Lidd vum Podsafe Music Network. Di offiziell Säit fannt der ennert PodsafeForPeace.org Download audio [...]
Listen Now:


Get at Short URL | Download #4 – If Every Day Were Christmas | Play in Popup.


#2 – D’Pogo Partei
An der zweeter Episod vu Bouneschlupp geet et em déi däitsch Partei APPD. Ass hieren Wahlspot nach Satir? Gin et Leit déi sou eng Partei wielen? An: wat well déi Partei eigentlech wierklech ereechen? Download audio file (bouneschlupp2.mp3)
Listen Now:


Get at Short URL | Download #2 – D’Pogo Partei | Play in Popup.


#1 – Podcast, wat ass dat?
Déi alleréischten Ausgaab befaast sech mat sech selwer: wat ass eigentlech ee Podcast, wien huet dat erfonnt, wéi funktionéiert dat? Ausserdeem stellen ech iech déi souzesoen offiziell Podcasthymn fir: On A Podcast vu Cruisebox. Download audio file (bouneschlupp1.mp3)
Listen Now:


Get at Short URL | Download #1 – Podcast, wat ass dat? | Play in Popup.


Podcast Directory

Come Chat with Me?
I looking for guys to talk to. Wanna Chat?
Ultimate Web Video University
Learn the secrets to making $$$$ with Web Video.

Podcast Directory